Léiert de Grënner kennen

Den Noé Berger ass de Grënner a Managing Partner vu Crux Advisory, eng lëtzebuergesch Berodungsfirma mat engem staarken Impaktfokus, baséiert zu Réiser déi mat nationale wéi och internationale Cliente schafft.

D’Missioun vu Crux Advisory ass et, Organisatiounen duerch komplex strategesch Erausfuerderungen ze féieren, andeems mir hir Strategie schäerfen, hiert Leadership verstäerken an de Wandel beschleunegen.

Ier hie Crux Advisory gegrënnt huet, huet de Noé bal eng Dekade bei McKinsey & Company a verschiddene Géigende  verbruecht (Bréissel, Sydney, Manila, Jakarta a Lëtzebuerg). Hie war weltwäit fir Clienten täteg, souwuel op technesche wéi op mënschlechen Themen, mat engem Fokus op Strategie, Risiko a grouss Transformatiounen.

Noé huet e Master an der Mathematik vun der Université Libre de Bruxelles (ULB), ass zertifizéierte Mathematik Proff an der Belge an huet den Algorithmic Trading Programm op der University of Oxford ofgeschloss. Seng quantitativ Expertise gëtt duerch staark mënschlech a Leadership-Kompetenzen ergänz, déi hien duerch eng breet Berodungserfarung a verschiddene Regiounen a Kulturen entwéckelt huet.

Hien ass och Emergency First Response Instructor a PADI Open Water Scuba Instructor.

Als gebiertege Lëtzebuerger schwätzt de Noé Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.

WÉI MIR IECH HËLLEFE KËNNEN


Erneiert Är Strategie

Féiert Är Organisatioun mat enger ambitiéiser, fokusséierter Strategie virun.

Eng kloer Visioun inspiréiert, verbënnt a dreift Aktioun.

Stäerkt Är
Leader

Entwéckelt a stäerkt Är Leader, fir datt si de Wandel dreiwen.

Kompetent an ermächtegt Leader féieren zu dauerhaften Erfolleg.

Verstäerkt Äert Top-Team

Verstäerkt kuerzfristeg Äert Top-Team oder engagéiert en onofhängege Beroder.

Baut Momentum op, trefft a stellt är wichtegst Entscheedungen a fro.